Choose your language

 

 Marianne an Chopin

 

Am Summer 2011 hunn ech déi 1. Kéier un engem Cours deelgeholl, wou ech geléiert gouf wei een Teddien bitzt. Ech war
direkt begeeschtert dovun, hunn awer leider keng Zäit fonnt fir mech weider domadder ofzeginn.

Am Hierscht 2012 hunn ech mäin 1. eegenen Teddy entworf an op der Hand gebitzt. Ab dunn schaffen ech drun mech ze verbesseren an meng Idien ze verwierklechen.

Ech schaffen ënnert anerem mat Mohair, Alpaka, Webpelz, ... Fir ze fëllen huelen ech synthetesch Fëllwatt an Mineralgranulat.
Meng Teddien bestinn meeschtens aus 5 Gelenker, wouduerch se gutt beweglech sinn, an hunn oft modelléiert Hänn an/oder Féiss.
Ganz groussen Wert leen ech op den Gesichtsausdrock vun jiddfer eenzelnem Teddy.

All Teddy ass en Unikat, well duerch d'Handaarbecht geréit ni een wei deen aneren.

Nei:

2016 hun ech eng néi Erausfuederung ugeholl: ech entwerfen an bitzen Hënn anhand vun Originalfotoen. Dëst nëmmen op Bestellung.

Wien Froen huet oder Interessi, kann sech gären bei mir mellen.

 

Léif Gréiss

 

Marianne Schmalen-Willems

Op der Tonn, L-6188 Gonderange